Congé Dr Thommes vum 29.06.26 bis den 03.07.26

Den Dr Thommes as am Congé vum 29.06.26 bis den 03.07.26.
Hien gett vum Dr Bastin Guillaume ersaat. Wann dir wellt beim Dr Bastin een online RDV huelen musst dir den online Agenda vum Dr Thommes auswielen.

Mask undoen

Léif Patienten,
mir bieden iech eng Mask unzedoen wann dir infektiös Symptomer hudd (Féiwer, Houscht, Schnapp etc) oder wann dir e positiven Covid-19 oder Influenza Schnelltest hudd.

Covid Impfung

Dir kennt Iech géint Covid-19 bei eis an der Praxis impfen loossen (> 12 Joer). Kontaktéiert eist Sekretariat fir e Rendez-vous.

Net-anhalen vum Rendezvous

Ab dem 1. Dezember 2018, wann den Rendezvous net mindestens 3 Stonnen am Viraus oder Moies um 8h00 fir een Termin virun 11h00 ofgesot gëtt, erlaben mir eis, bei feelendem gëltegen Grond, eng Entschiedegung fir dësen net-respektéierten RDV ze froen, an zwar een net-rembourséierten C1 vun 28 €.

Merci fir äert Versteesdemech

Merci fir är Grousszügegkeet

Dank ären grousszügegen Don’en, konnten mir 2017 der Fondation Cancer 425€ spenden. E grousse Merci un all eis Patienten!