Mask undoen

Léif Patienten,

mir bieden iech eng Mask unzedoen wann dir infektiös Symptomer hudd (Féiwer, Houscht, Schnapp etc) oder wann dir e positiven Covid-19 Schnelltest hudd.

Den online Agenda ass rem op

Den Mask ass obligatoresch wann dir Symptomer hutt déi kompatibel sinn mat der Grippe oder mam Covid. Macht w.e.g. een Schnelltest éiert dir an d’Praxis kommt wann dir krank sidd.

Mir maachen Téléconsultatiounen wann dir positiv op den Covid-19 getest gin sidd (Schnelltest oder PCR).

OPGEPASST: Fir d’RDV’en fir d’Covid-Impfung musst dir eis urufen an net iwert den Online Agenda een RDV huelen. Mir schaffen mat enger Wardelescht an mir impfen nemmen een Dag an der Woch.

Covid Impfung

Dir kennt Iech géint Covid-19 bei eis an der Praxis impfen loossen (> 12 Joer). Kontaktéiert eist Sekretariat fir e Rendez-vous.

Covid-19 Fäll

Gidd op www.covid19.lu fir méi Informatiounen.

Wat soll ech maachen wann ech Symptomer hunn oder positiv getest gouf?
Sie müssen sich sofort in Isolation begeben, ohne auf den Anruf der Kontaktverfolgungseinheit zu warten. Die Kontaktverfolgungseinheit wurde über Ihr Testergebnis informiert. Während Sie auf ihren Anruf warten, können Sie der Kontakverfolgungseinheit helfen, Personen ausfindig zu machen und zu identifizieren, die einen Risikokontakt mit Ihnen hatten.

Dazu müssen Sie das Formular herunterladen und an folgende E-Mail-Adresse senden: declarationcovid@ms.etat.lu.
Wann Dir eng Teleconsultatioun braucht, dann mellt Iech bei eis iwer Mail oder Telefon.

Oflaaf vun de Consultatiounen an Rendez-vous’en

Seit dem 4. Mee kennen mir Iech rem méi Consultatiounen ubidden. D’Secherheetsmossnahmen bleiwen awer bestoen.

Dir därft net an eis Praxis erakommen, wann der Féiwer oder Houscht hudd. Sidd w.e.g pünktlech op ärem Rdv, soudass keng zwee Leit sech gläichzäiteg am Waardesall befannen. Désinfizéiert Iech w.e.g. d’Hänn wann Dir bei eis  an den Büro erakommt.

Mir hun eisen Online Agenda blockéiert fir een besseren Tri vun dem Demanden kennen ze maachen. Rufft eis un oder kontaktéiert eis per Mail, fir all är Demanden fir een RDV. Mir ruffen iech dann zréck un, fir iech e Rdv unzebidden, eng Teleconsultatioun oder ierch ze réorientéieren wann néideg.

Droen vun enger Mask oder Mondschutz as obligatorech !  https://coronavirus.gouvernement.lu/lb/pas-sans-mon-masque.html

https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/reprise-activite-medicale/200429-santelu-reprise-activite-medicale-A4-FR-FINAL.pdf

Merci fir ärt Versteesdemech.

Coronavirus

Wann dir potentiel Symptomer vum COVID-19 hudd (Féiwer, Houscht, Halswéi, Duerchfall, Verloscht vum Geroch), bleift fir 48 Stonnen Doheem an haalt ären Gesondheetszoustand am Aan. No denen 48 Stonnen kontaktéiert eis fir d’éicht per Telefon oder Mail éiert dir bei eis een RDV huelt.

Bei Bedarf an mat enger Ordonnance, kennen mir ierch bei een vun den Laboratoiren schecken fir den Test op de Virus ze maachen : Picken Doheem, Ketterthill zu Beetebuerg oder Drive-In zu Bascharage.

Den Ministère recommandéiert d’Eegen-Isolatioun : D’Eegen-Isolatioun gëtt bei alle Persounen applizéiert, déi mam COVID-19 kompatibel Symptomer opweisen a bei deenen d’Infektioun net confirméiert ass. Si mussen ab dem Dag wou d’Symptomer optauche wärend 7 Deeg doheem bleiwen a wa méiglech all Kontakt zu anere Persoune vermeiden. Wann d’Symptomer bis verschwonne sinn, da mussen se nach wärend 24 Stonnen doheem bleiwen. https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/fiches_information/lb/FICHE-autoisolement-fb-LB-200313.pdf

Wann Dir trotz Eegen-Isolatioun Bedenken oder Froen zu Ärem Zoustand hudd an eng Consultatioun braucht, dann rufft eis un oder kontaktéiert eis per email. Wann néideg, dirigéieren mir Iech an een vun den Centre de Soins Avancés (Rockhal, Luxexpo) wou dir ennersicht kennt ginn. Kommt net an eise Waardesall. https://sante.public.lu/fr/urgences-gardes/services-garde/centres-de-soins-avances/index.html

Den Ministère recommandéiert och d’Eege-Quarantän : D’Eege-Quarantän gëtt bei alle Persounen applizéiert, déi an intimem Kontakt mat enger Persoun waren, bei där d’Infektioun confirméiert gouf, oder déi am selwechten Haushalt wéi déi infizéiert Persoun wunnen. Si musse wärend 7 Deeg doheem bleiwen, gezielt ab deem Dag wou d’Diagnos bei der infizéierter Persoun gestalltgouf. Wärend dëser Period muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn. Wärend deene 7 Deeg no enger Eege-Quarantän gëllt et eng Eegen-Iwwerwaachung duerchzeféieren. https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/fiches_information/lb/quarantaine-A4-200430-LU-v3.pdf

an d’Eegen-Iwwerwaachung : D’Eegen-Iwwerwaachung dauert 14 Deeg a gëtt bei Persounen applizéiert, déi warscheinlech am Kontakt zu enger mam Virus infizéierter Persoun waren. Zil ass et, d’Symptomer vun der Infektioun direkt am Ufank ze erkennen. D’Persoun ënnert Eegen-Iwwerwaachung moosst hir Temperatur zwee mol pro Dag a stellt sécher, datt se keen Houscht oder Otemproblemer huet. Wärend der Eegen-Iwwerwaachung kann ee sengen normalen Aktivitéiten nogoen.

Hei as een Link den vill Froen beäntwert: https://gouvernement.lu/lb/dossiers.gouv_msan%2Blb%2Bdossiers%2B2020%2Bcorona-virus.html

Den Formular fir den Congé pour Raison familiale unzefroen fannt dir um Internet-Site vun der CNS: https://cns.public.lu/de/formulaires/prises-en-charge/cprf-extraordinaire.html

Zeckt net den 8002 8080 unzerufen fir weider Renseignementer ze kréien. Den 112 as just fir Noutfäll reservéiert, z.B. Otemnout.

Ufälleg Persounen si Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hunn : Diabetes, Kardiovaskulär Krankheeten, Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër, Kriibs, Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie.

Merci fir är Grousszügegkeet

Dank ären grousszügegen Don’en, konnten mir 2019 der Fondation Cancer 708,40 € spenden. E grousse Merci un all eis Patienten!