Online Agenda as fir den Moment zou

Mir hunn am Moment immens vill Ufroen fir Consultatiounen a Hausvisitten. Mir hun decidéiert den Online Agenda fir den Wanter zou ze machen fir dat mer d’RDV’en besser kennen verdeelen. Dir kennt eis per Mail oder Telefon kontaktéieren.

Mir machen d’Hausvisitten just an der Gemeng Beetebuerg.

Wann den Rendezvous ouni valabel Excuse net mat Zäiten annuléiert gëtt, d.h. minimum 3 Stonnen am Viraus oder direkt um 8h fir een RDV virun 11h00, dann huelen mir eis Fräiheet eng Indemnitéit ze verrechnen fir des net-respektéiert Consultatioun.

Mask undoen

Léif Patienten,
mir bieden iech eng Mask unzedoen wann dir infektiös Symptomer hudd (Féiwer, Houscht, Schnapp etc) oder wann dir e positiven Covid-19 oder Influenza Schnelltest hudd.

Covid Impfung

Dir kennt Iech géint Covid-19 bei eis an der Praxis impfen loossen (> 12 Joer). Kontaktéiert eist Sekretariat fir e Rendez-vous.

Net-anhalen vum Rendezvous

Ab dem 1. Dezember 2018, wann den Rendezvous net mindestens 3 Stonnen am Viraus oder Moies um 8h00 fir een Termin virun 11h00 ofgesot gëtt, erlaben mir eis, bei feelendem gëltegen Grond, eng Entschiedegung fir dësen net-respektéierten RDV ze froen, an zwar een net-rembourséierten C1 vun 28 €.

Merci fir äert Versteesdemech

Merci fir är Grousszügegkeet

Dank ären grousszügegen Don’en, konnten mir 2017 der Fondation Cancer 425€ spenden. E grousse Merci un all eis Patienten!